Chapitre XVI – De la langue, des emblèmes et du territoire

194.
(1) La langue du Luxembourg est le luxembourgeois. La loi règle l’emploi des langues luxembourgeoise, française et allemande.

(2) L’emblème national est le drapeau tricolore rouge, blanc, bleu.

(3) La loi définit les armoiries de l’Etat.

(4) L’hymne national est « OnsHeemecht ».

195.
(1) Toute cession, tout échange, toute adjonction de territoire ne peut avoir lieu qu’en vertu d’une loi adoptée à la majorité des deux tiers des membres de la Chambre des Députés.

(2) Les limites et les chefs-lieux des cantons, des communes et des arrondissements judiciaires sont déterminés par la loi.

(3) La Ville de Luxembourg est la capitale de la République du Luxembourg.

6 thoughts on “Chapitre XVI – De la langue, des emblèmes et du territoire

  • April 16, 2015 at 10:06 am
    Permalink

    Den 194. (1) sollt eppes wéi folgt sinn: “Les langues du Luxembourg sont le luxembourgeois, le français, et l’allemand. La loi règle l’emploi des trois langues officiells dans une facon equitable, l’usage de la langue de signes allemande (Deutsche Gebärdensprache) et la protection des langues des minorités.”
    Argumenter: Lëtzebuerg ass een dräisprochegt Land, an der Verfassung sollt keng Rangfolg vun dësen dräi Sprochen festgeluecht ginn, och wann et vläit oportun wier, d’Entwécklung vum Lëtzebuergeschen besonnesch ze förderen. Vläit kéint een och draschreiwen, datt de Staat d’Sproochvilfalt zu Lëtzebuerg ennerstetzt an géint een eventuellen monolingualen Habitus kämpft. Dobäi kommen sollten déi däitsch Gebäresproch, als aktuell gebräichlech – eng vun villen iwwregens ! – Gebäresprooch zu Lëtzebuerg an eventuell sollt ugeduecht ginn, esougenannt “Minderheitensprachen” unzeerkennen an och ze förderen, sollt dat noutwendeg ginn.

  • April 16, 2015 at 2:51 pm
    Permalink

    Merci Joel Adamy, dir hutt elo schon de symbolische Präiss fir eng 1.Textpropositioun gewonn! Grat dat bezwecke mer heimat, e breeden “Iddieconcours” iwwert eis Grondgesetz. Mer werte sécherlech är Propositioun mat an d’Diskussioun huelen. Natirlech kann ee net alles an der Verfassung regelen. Mer brauchen och nach Gesetzer. Grat wat d’Sproochen ugeet, hu mer eng eemolig Situatioun op déi mer nëmmen eemolig Äntwerte kënne fannen. Et gi keng einfach Léisungen. Wat ass eng Minoritéitesprooch? Eeen den dat hei net liese kann, fillt sech an der Minoritéit. A vill selbsternannte “Patrioten” maache au contraire wéi wann si hei am Land an der Minoritéit wiren a wéi wann een eis Sprooch misst duerch e besonnesche Statut schützen. Dobäi sin ech der Meenung dass déi Sprooch – déi virun 100 Joer nach en Dialekt war – sech ganz spontan entwickelt huet, trotz massiver Immigratioun. Ech erliewen och all Dag beim OGBL wéi Kolleginnen a Kollegen tëschent dem Prortugieseschen an dem Lëtzebuergeschen a Franzéischen (Sproochen déi si och perfekt kënnen) hin an hir sausen esou dass een si nëmme beneide kann. Sin si eng Minoritéit déi ee muss beschützen an “unerkennen”? Natirléch verlangt d’Awunnerwahlrecht grouss Efforten fir d’Politik ze vermëttelen. All déi Lénk-Flugblieder sin duefir och op Franzéisch an an der Chamber verlaange mer scho laang eng Simultaniwersetzung op Chamber TV op franzéisch. Gebärdesprooch get bei groussen Débaten do zu Recht gebraucht, et ass awer, wéi braille, éischter en Hëllefsmëttel wéi eng Sprooch, ausser ech leien dernieft. Mee wéi gesot: äre Virschlag get bestëmmt diskutéiert an dat heiten ass just meng perséinlech Meenung. Serge Urbany

  • April 27, 2015 at 9:22 pm
    Permalink

    Kapitel 16 :
    Soll een ,dei actuelle Flagg(Rout-Weiss-Hellblo)wirklech ,beibehaalen ?
    Dei Farwen ,goufen jo gewierlt , em sech , vun der Flagg ,vun den Niederlanden ,ofzegrenzen …
    Wei ,wier et ,mat enger Flagg , op där , dei natirlech Farwen , dei an der ,Letzebuerger Emwelt / Natur ,virkommen ,drop sin ,
    also : Greng / Brong / Gro/Schwarz(Schiefersteen) an Rout ( Terre Rouge ) …

    oder : Blo(Himmel) Greng / Brong(Natur/Bürdem) …
    … Sou , keint een ,dei Aal-Geeschter , rou-en-lossen & voller Energie , an Richtung , mei “gerecht/demokratescht-Land , goen …
    oder ,virwat net ,Birger iwert Farwen,vun der Flagg , decideieren lossen … Passt , io och , zu mei … Demokratie …

    • May 12, 2015 at 2:07 pm
      Permalink

      D’Fuerwen vun eisem Fändel si fir eis keng entschedend wichteg Fro. Am Géigendeel: eng Diskussioun doriwwer géif nëmmenvun aanren wichtege Froen oflenken.

  • May 5, 2015 at 7:20 pm
    Permalink

    Neuseeland bekommt eine Neue Flagge … Die Bürger dürfen Vorschläge machen und mitbestimmen …

  • May 12, 2015 at 9:45 pm
    Permalink

    es würde zu mehr … Demokratie … führen … .

    ja ,müsste man ,nicht auch , das Lux-Wahl-Recht + EU-Wahl-Recht für alle Bürger Luxemburgs in die Neue Verfassung vorschlagen / einbringen ?
    und der EU , dann vorschlagen, das jeder Bürger Europas nach 5/10J. Aufenthalt ,in einem Europäischem-Land , das Wahlrecht(für-Europäisches-Land-X )bekommt + EU-Wahlrecht … dies ,würde dann ,Europaweit umgesetzt werden … so bekämen ,die Bürger Luxemburgs/Europas ,mehr Rechte …das wäre ,eine gute Basis für , ein mehr , Demokratisches-Europa …

Comments are closed.